Facebook Twitter

De 6. November, huet Musek aus der Gemeng Helperknapp, no 2 Joer Paus, hiert säit laange Joren traditionellt, Hierschtfest organiséiert.

Dat läscht Joer war wuel och eppes organiséiert, saisonsbedingt awer a méi engem klenge Kader.

Dëst Joer haten Iwwer 160 Leit sech ugemellt an de Wee an de Centre Culturell am Lëtschert fonnt fir ee gemittlechen Daach ze verbréngen.

Um Programm stoungen 3 Concerten 2 lecker Menü'en ee GIN/Cocktail Eck an iwwer 20 Musekant mat Famill a Frënn déi sech em d'Wuelbefanne vun de Gäscht gekëmmert hunn.

Société Philharmonique Larochette huet um 11:30 Auer den Optakt gemaach. Ennert der Direktion vum Putti Fischer d' Musek aus der Fiels eng Stonn flott Stecker gespillt wärend d'Gäscht den Aperitif genoss hunn

Dono ass et eppes Leckeres an de Bauch ginn. 
Ee grousst Stéck waarm Ham mat gebrodene Gromperen an Zalot oder eng Vegetaresch Quiche och mat Gromperen an Zalot.
D'Kiche war gutt organiséiert an sou konnten an enger Stonn 180 Couverten zerwéiert ginn.

Fir 14:00 souz Royale Harmonie la Stockemoise un de Pulter. Wärend hirem flotte Programm ënnert der Direktioun vum Johan CRISTINA hate Gäscht Méiglechkeet dat eent oder anert lecker Stéck Kuch oder Taart  aus der gutt sortéierter Kaffisstuff ze schmaachen.

Duerch den Nomëtteg huet de Pit Schumacher gefouert. Mat Witz a Scharm huet hien sech et net huele gelooss dem President Nico Bruck fir säi Gebuertsdag ze gratuléieren. Senger Opfuerderung opzestoen ass d'Publikum nokomm an huet mat ënnerstëtze vun Harmonie dem President vun der Musek een Häppy Birthday fir säin Gebuertsdag gesongen.

Mat enger liichter Verzögerung am Programm huet HREB Harmonie Royale de Battincourt ënnert der Direktioun Mme Laura PETIT hier Musek dem Gäscht virgespillt.

Net dat ganzt Publikum war bis zum Schluss bliwwen, aner Nolauschterer sinn eréischt nom Mëttesdësch komm, alleguerten konnten se de flotten an ofwiesslungsräiche Programm vun den 3 Museksgesellschafte genéissen. D'Musek Gemeng Helperknapp seet hinnen allen ee grousse Merci fir hiert kommen. Der Gemeng Helperknapp an allen Sponseren ee grousse Merci fir hier Ënnerstëtzung.

Den Nächsten Termin fir d'Hierschtfest ass viraussiichtlech den 19 November 2023.

We use cookies

We use cookies on our website. Some of them are essential for the operation of the site, while others help us to improve this site and the user experience (tracking cookies). You can decide for yourself whether you want to allow cookies or not. Please note that if you reject them, you may not be able to use all the functionalities of the site.