“Together for Charity”

Description

D’Éilerenger Musek an den Ensemble Vocal Vivace invitéieren op hire gemeinsame Charity Concert kuerz viru Chrëschtdag op Zolwer an den Artikuss.

“Together for Charity”

Et erwaart Iech e Mix aus Gesank an Orchestermusek, mat am 1. Deel vum Owend Chouergesang vum Feinste mam Ensemble Vivace vu Käerjeng. No der Paus héiert Dir d’Éilerenger Harmonie an de Schluss vum Owend presentéiren sech di zwéin Ensembelen zesumme mat ausgewielte Wierker fir Harmonieorchester a Chouer. D’Chorale steet ënner der Leedung vum Ulric Evrard an d’Éilerenger Musek gëtt vum Claude Weiland dirigéiert. Virun de Feierdeeg denke mir awer och un déi Leit deenen et net esou gutt geet, dofir steet dësen Owend och ënner dem Motto « Together for Charity », a mir ënnerstëtzen gemeinsam d'Associatioun Wonschstär.

Location information

Artikuss, Zolwer

Street
Rue Jean Anen, 3
City
4413 Sanem
Country
Luxembourg